Annonce vum Donald TrumpUSA an Israel setzen Attacke géint den Iran fir d'éischt emol aus

RTL Lëtzebuerg
D'USA wëllen elo mol eng Zäit op weider Ugrëff op den Iran verzichten. Dat huet den amerikanesche President Donald Trump op senger Plattform Truth Social matgedeelt.
Die USA und Israel verzichten nach Angaben von US-Präsident Trump vorübergehend auf weitere Angriffe auf den Iran. Die USA seien vom Iran und von weiteren Ländern in der Region darum gebeten worden, weil sich eine neue Vereinbarung abzeichne.
Den US-PResident Donald Trump hat d'Annonce op senger Plattform Truth Social gemaach.
© AFP

Well een Accord wéi et schéngt an Aussiicht ass, wéilt een d'Situatioun net weider uspanen. En Deal misst awer elo séier op den Dësch, esou den Trump nach weider. Wéi amerikanesch Medie mellen, war d'US-Arméi kuerz virdrun, ee Groussugrëff op den Iran ze lancéieren. Den iraneschen Ausseminister Abbas Araghtschi hat an engem Gespréich mat sengem saudi-arabeschen Homolog Faisal bin Farhan Al Saud virun enger neier militärescher Eskalatioun gewarnt.

Israel gräift nees verstäerkt Ziler an der Gazasträif un

Déi palestinensesch Noriichtenagence Wafa mellt, datt op mannst siwe Mënschen an israeeleschen Ugrëff op d'Gazasträif gestuerwe sinn. Zwee a Gaza-Stad, zwee am Zentrum vun der Gazasträif, an dräi an der Géigend vu Chan Junis. Ee Spriecher vun der israeelescher Arméi sot, et géing een déi Informatiounen iwwerpréiwen. Zanter Oktober d’lescht Joer gëllt am Fong eng Wafferou tëscht Israel an der Hamas, mee et kënnt awer reegelméisseg zu déidlechen Attacken.

Back to Top
CIM LOGO