UEFA vs. FIFAPaul Philipp: "Et soll een net mengen, et wier schonn an dréchenen Dicher"

Tom Hoffmann
De Widderstand géint de Projet FIFA Forward Enterprise (FFE) gëtt ëmmer méi grouss. An Tëschenzäit hu sech 135 vun den 211 Federatioune géint de Projet ausgeschwat. Fir den FLF-President Paul Philipp ass d'Saach awer nach laang net decidéiert.
© Eric Ebstein / RTL

Och wann eng Majoritéit vun de Federatioune sech aktuell géint de Projet positionéiert huet, rechent de Paul Philipp domat, datt d'FIFA nach net opgëtt: "Ech rechnen nach mat enger Géigenoffensiv, fir dat ellent Wuert ze gebrauchen. Dowéinst soll een net mengen, datt d'Saach schonn an dréchenen Dicher ass. De Projet ass warscheinlech scho vill méi wäit, wéi mir all mengen oder wëssen. Et ass also gutt méiglech, datt et kee Wee méi zeréck gëtt."

Besonnesch positiv bewäert den FLF-President awer d'Haltung vun den europäesche Federatiounen. Op der Drénglechkeetssëtzung vun der UEFA hu sech all 55 Memberverbänn eestëmmeg géint d'Pläng vun der FIFA ausgeschwat. Fir de Paul Philipp ass dat e staarkt Signal vum europäesche Futtball, och wann hie gläichzäiteg dovun ausgeet, dass d'Diskussiounen ëm den FFE-Projet nach laang net ofgeschloss sinn.

Den FLF-President Paul Philipp iwwer d'Sitzung
An enger Drénglechkeetssëtzung waren all d'Federatiounen, déi sech an der UEFA zesummefannen, zesummekomm.

D'FIFA huet an Tëschenzäit op de staarke Géigewand reagéiert. An engem Communiqué betount de Weltfuttballverband, dass d'Kritik vun de Federatioune seriö geholl géif ginn. Gläichzäiteg mécht d'FIFA awer kloer, datt si de Projet weider virundreiwe wëllt. "Kee verkeeft de Fussball", heescht et an der Stellungnam.

© Eric Ebstein / RTL

Dës Argumentatioun stéisst awer weider op Skepsis an d'UEFA hält um Boykott vu FIFA-Competitiounen fest, sollt d'FEE tatsächlech gegrënnt ginn.

Paul Philipp iwwert de Boykott
Déi europäesch Federatiounen hu jo annoncéiert, datt si am Fall wou all d'FIFA-Kompetitioune géife boykottéieren.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO