Militär a spuenesche Premier ënnerweeSchätzungen no si bis zu 49.000 Migranten antëscht op der spuenescher Exklav Ceuta ukomm

RTL Lëtzebuerg
Dausende Mënsche sinn an de leschten Deeg an der spuenescher Exklav Ceuta ukomm. D'Autoritéite si besuergt an d'Opnamezentre sinn iwwerfëllt.
This video frame grab obtained from an AFP video shows migrants reaching the shore of Spanish north African exclave of Ceuta, after swimming around the border fence between Morocco and Spain, in Ceuta on July 30, 2026.
© AFP

D'Stad Ceuta ass un der nordafrikanescher Küst vu Marokko, mä gehéiert zu Spuenien, ass also en Deel vun der EU, gehéiert awer net zu der NATO.

Eleng en Donneschdeg sollen den éischte Schätzunge vum Freideg de Moien no tëscht 2.000 an 3.000 Mënschen un der Plage ukomm sinn, andeem si laanscht de Grenzzonk geschwomme sinn. Wéi et vun den Autoritéiten heescht, wieren och eng 18 Persounen erdronk.

Am Laf vum Freideg gouf vum spueneschen Inneminister och d'Zuel vun 49.000 Flüchtlinge genannt, déi an de leschte 24 Stonnen Ceuta sollen iwwer verschidde Weeër erreecht hunn. Dem Fernando Grande-Marlaska Gómez no wier dëst aktuell eng Aschätzung, déi hien a säi Ministère gemaach hunn. Vill Leit wieren iwwer d'Mier op Ceuta komm, verschiddener hätten awer och de Zonk un der Grenz iwwerwonnen.

D'Police ass iwwerfuerdert mat der Situatioun an déi spuenesch Regierung huet elo d'Militär dohinner geschéckt. D'Situatioun an der Stad mat hire knapp 85.000 Awunner bleift ugespaant. Vill Geschäfter sinn zou.

De spuenesche Regierungschef Pedro Sanchez huet och annoncéiert, datt hie wëll an déi betraffe Regioun reesen.

Den Hannergrond vun deem enormen Zoulaf vu Migranten ass warscheinlech en Urteel vum Ieweschte Geriichtshaff a Spuenien Ugangs des Mounts. Deemno dierfe Migranten, déi iwwer d'Mier zu Ceuta oder an der anerer spuenescher Nordafrika-Enklav Melilla ofgefaange ginn, net direkt nees heemgeschéckt ginn.

Back to Top
CIM LOGO