D'Europäesch Kommissioun iwwerleet, eng Noutsëtzung vun den Energieministeren anzeruffen. Grond dofir ass d'Situatioun an Ungarn, wou dat wichtegst Atomkraaftwierk Paks wéinst dem niddrege Waasserstand an der Donau bal komplett ausser Betrib geholl gouf. D'Kraaftwierk liwwert bal d'Hallschent vum Stroum am Land.
Déi laang Hëtztwell an d'Dréchent hunn dozou gefouert, datt net méi genuch Killwaasser aus der Donau disponibel ass. Gläichzäiteg klëmmt de Stroumverbrauch duerch d'Hëtzt däitlech. Déi ungaresch Regierung huet dofir grouss Industriebetriber opgefuerdert, hire Stroum- a Waasserverbrauch fräiwëlleg ze reduzéieren. Och a staatleche Gebaier soll d’Beliichtung ausgeschalt ginn, fir Energie ze spueren.
Och am Nopeschland Rumänien huet den niddrege Waasserstand schonn dozou gefouert, datt ee Reakter vum Atomkraaftwierk Cernavodă misst ofgeschalt ginn.
D'EU-Kommissioun observéiert d'Situatioun genee a wëll, falls néideg, eng ausseruerdentlech Reunioun vum europäesche Koordinatiounsgrupp fir d'Stroumversuergung aberuffen. Bis elo gëtt et awer nach keng akut Gefor fir d'Stroumversuergung an der Europäescher Unioun.