
An noer Zukunft wéilt een iwwerdeems och déi iranesch "Insel Kharg an och aner Pëtrol-Infrastruktur-Plazen" ënner Kontroll bréngen, hat den Trump gedreet. Militärexperten no géif et fir eng Eruewerung vu Kharg Buedemtruppen brauchen. Esou ee riskanten Asaz hat den US-President bis ewell nach net ordonéiert.
Wéi et aktuell schéngt, wäert et dozou och net kommen. Déi "haart" Ugrëff op den Iran, déi den US-President Donald Trump fir en Donneschdeg den Owend annoncéiert hat, huet hien antëscht awer nees ofgesot.
Op senger Plattform "Truth Social" huet den US-President geschriwwen: "Wéinst der Tatsaach, datt d'Gespréicher mat der Islamescher Republik Iran op deen héchsten Niveau an der Iranescher Féierung gedroe gi sinn an do accordéiert goufen, hunn ech, als President vun de Vereenegte Staate vun Amerika, déi geplangten Ugrëff a Bombardementer géint den Iran den Owend zeréckgezunn."
Diskussiounen a lescht Punkte wiere souwuel "an der Iddi" ma och "am groussen Detail" vun alle Säiten ugeholl ginn, esou den Trump weider. D'Blockad vun der Strooss vun Hormus géif awer en place bleiwen, bis "d'Transaktioun finaliséiert" wier. En Datum an en eng Plaz fir d'Ënnerschreiwe vum Accord géife geschwë matgedeelt ginn.
D'Insel Kharg am Norde vum persesche Golf ass de wichtegsten iraneschen Pëtrol-Terminals. Normalerweis ginn hei 90 Prozent vum Réi-Pëtrol aus dem Land transferéiert. Enn Mäerz hat den Donald Trump domadder gedreet, d'Insel ze "vernichten", sollt den Iran d'Strooss vun Hormus net rëm fir de Schëffstrafic fräiginn. Mëtt Mäerz hat et vum US-President geheescht, déi amerikanesch Loftwaff hätt militäresch Ziler op der Insel ugegraff a "komplett ausradéiert". Teheran hat dëst allerdéngs net confirméiert. De lokalen Autoritéiten no wier den Exportbetrib ouni Aschränkunge weidergelaf.
An deene leschten Deeg war et tëschent den USA an dem Iran wéinst stagnéierende Verhandlungen nees zu géigesäitegen Attacke komm. D'USA hunn Ziler am Iran ugegraff, Teheran hat mat Rakéiten- an Dronenugrëff op US-Stëtzpunkten am Bahrain, Jordanien a Kuwait reagéiert. Déi am Abrëll decidéiert Wafferou huet den iraneschen Ausseministère entretemps "praktesch bedeitungslos" genannt.