Zeienopruff13 Joer alen Abdou Seck Diaw zënter en Dënschdeg vermësst

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht nom 13 Joer ale Abdou Seck Diaw, deen zënter dem Moie vum 28. Juli vermësst gëtt. Hie gouf dee Moien fir d'lescht gesinn.
© Police

De Jong ass tëscht 1,50 an 1,60 Meter grouss, huet eng schlank Statur a kuerz schwaarz Hoer.

D'Police rifft jiddwereen, deen Informatiounen iwwer säin Openthaltsuert huet, op, sech bei der Police Dikrech/Veianen ze mellen, dat op der Nummer (+352) 244 801 000 oder op der Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO