E Freideg de Moie géint 5.45 Auer koum et op der Streck tëscht Sëll a Bruch zu engem Accident, bei deem e Camionschauffer aus bis ewell ongekläerter Ursaach e Bam ze pake kritt huet. Dobäi gouf d'Kabinn vum Camion komplett zerstéiert.
Éischten Informatiounen no hat de Chauffer awer Chance an e gouf just liicht verwonnt.
D'Strooss huet musse komplett fir den Trafic gespaart ginn, fir dass de Camion kann depanéiert ginn.