Gefor vun Äscht, déi eroffale kënnenStad Lëtzebuerg mécht Appell, sech net ënner Beem opzehalen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Dréchent huet d'Stad Lëtzebuerg e Freideg en Appell un d'Leit gemaach, déi an de Parken a Bëscher vun der Stad ënnerwee sinn, fir besonnesch gutt opzepassen.
D'Stad Lëtzebuerg am Fréijoer 2026
D'Stad Lëtzebuerg am Fréijoer 2026
© Tom Nols

Et gëtt recommandéiert, sech net ënnert de Beem opzehalen an nëmmen op markéierte Weeër ze bleiwen. Sollt ee gesinn, wéi en Aascht vun engem Bam eroffält, soll een dann och vun do fortgoen.

Natierlech ass et och verbueden, Zigarettestëmp oder aner Saachen, déi kënne brennen, an d'Natur ze geheien. Weider ginn d'Leit an der Stad Lëtzebuerg gebieden, hir Waasserconsommatioun ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO