ArcelorMittal2019 war kee gutt Joer fir de Stol-Produzent
Alles an allem misst fir déi lescht 12 Méint e Minus vun 2,27 Milliarden Euro verbucht ginn, heescht et an engem Communiqué vun ArcelorMittal.
Verëffentlecht: 06.02.20 08:07, Update: 08.12.25 12:53
De Grond wieren eng schwaach Demande, Präisser déi ëmmer méi falen an héich Provisiounen. 2018 gouf et nach e Gewënn vu 4,63 Milliarden Euro.
Fir 2020 huet ArcelorMittal nei Aspuerungen annoncéiert, déi bis eng Milliard US-Dollar kéinte goen.
PDF: Pressecommuniqué