
Wéinst den uerge Bëschbränn huet Frankräich offiziell aner EU-Länner ëm Hëllef gefrot. De President Macron huet confirméiert, dass een de sougenannten EU-Zivilschutz-Mechanissem declenchéiert hätt. Domat freet een ëm Ënnerstëtzung, virun allem wat d'Brandbekämpfung aus der Loft ugeet. Läschfligeren an Helikopteren aus Portugal, Kroatien, Tschechien an aus der Slowakei solle geschwënn ukommen.
Déi lokal Pompjeeë sinn plazeweis komplett un der Belaaschtungsgrenz. An der Gironde schwätzen Zeien weider vun apokalypteschen Zoustänn.
E Feier, dat e Mëttwoch eréischt ausgebrach ass, huet mëttlerweil knapp 5.000 Hektar zerstéiert. An der Gemeng Lège-Cap-Ferret gi weider Awunner evakuéiert. Dat gëllt och fir bis zu 23.000 Leit ronderëm Biscarrosse, net wäit ewech vun der bekannter Dune du Pilat.
Grouss Suerge mécht virun allem e Feier westlech vu Madrid. Do hunn 10.000 Awunner hir Haiser scho musse verloossen. Fir déi nächst op d'mannst 10 Deeg ass och keng Drëps Reen do gemellt.
Déi héich Temperaturen, déi deelweis iwwer 40 Grad klammen, zesumme mat dréchene Wiederkonditiounen a staarkem Scirocco-Wand aus Afrika, fachen d'Flamen ëmmer nees un.
An de leschten Deeg hu missen Honnerte Leit hir Wunnengen aus Sécherheetsgrënn verloossen. Ronderëm Palermo goufen Evakuatiounen ordonéiert, Stroosse gespaart an d'Pompjeeën si mat massiven Asätz um Terrain an aus der Loft am Asaz.
Ganz Sizilien steet ënner héchster Alarmstuf fir Bëschbränn, wärend d'Noutdéngschter probéieren d'Feierfronten ënner Kontroll ze kréien.
Fir Reesender a Bierger gëtt geroden, déi offiziell Warnunge vun der Protezione Civile an de lokale Gemengen ze respektéieren, well d'Lag sech duerch Wand an Hëtzt séier ännere kann.