Schro BëschbrännMéi wéi 20.000 Leit a Frankräich evakuéiert

Carine Lemmer
Virun allem un der franséischer Atlantikküst brennt et. En Donneschdeg sinn nach emol gutt 8.000 Persounen evakuéiert ginn. D'Pompjeeë kréie Verstäerkung vu Paräis.
Méi wéi 20.000 Leit a Frankräich wéinst Bëschbränn evakuéiert
Virun allem un der franséischer Atlantikküst brennt et. En Donneschdeg sinn nach emol gutt 8.000 Persounen evakuéiert ginn.

A Frankräich brennt et un der Atlantikküst. 8.800 nei Evakuatioune sinn zu Claouey, westlech vu Bordeaux, amgaangen. Si komme bei déi méi wéi 12.000 Leit derbäi, déi scho preventiv a Sécherheet bruecht gi waren. Dat neiste Feier ass an enger ganz touristescher Géigend, no bei 3 Campingen am Département de la Gironde an huet sech méi séier ausgebreet wéi erwaart. Am Ganze wiere méi wéi 10 Campingen evakuéiert ginn.

44 Pompjeeën an 10 Gefierer vu Paräis sinn als Verstäerkung geruff, fir déi ronn 700 Asazkräften op der Plaz bei hirer Aarbecht z'ënnerstëtzen. E Militärfliger vum Typ A400M ass dobäi, ëmgerëscht ze ginn, fir géint d’Flamen ze hëllefen a soll geschwënn an den Asaz. Mat enger Capacitéit vun 20.000 Liter hätt deen eng duebel sou grouss wéi aner Läschfligeren. Hie soll e Mëttel erof werfen, dat d’Flame manner séier viru goen deet. Iwwerdeems ginn déi concernéiert Leit, sou gutt et geet, a Sportshalen oder Gemengesäll relogéiert.

D’Wiederconditioune bleiwe laut Météo-France och weider defavorabel mat engem Wand, deen aus der schlechter Richtung kënnt. 2.400 Hektar wiere schonn, zanter d’Feier e Mëttwoch de Mëtteg ugaange war, zerstéiert ginn. En isoléiert Haus ass getraff ginn, mä soss géif et bis ewell kee materiellen oder mënschleche Schued ginn. Donieft war et am Département du Var, tëscht Marseille a Cannes, e weidere Groussbrand, deen d'Pompjeeën an Otem gehalen huet. An där Regioun sinn e puer Honnert Leit evakuéiert ginn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO