
E Mëttwoch hunn OGBL an LCGB, zesumme mat der Personaldelegatioun an der Direktioun vun Indorama Ventures Mobility Luxembourg e Sozialplang am Kader vun der annoncéierter Fermeture zu Stengefort ënnerschriwwen. Betraff sinn hei eng 80 Leit, et géif awer nach gekuckt ginn, ob a wéi eng Leit scho kéinten an d'Preretraite goen.
Bei de Verhandlungen, déi deels intensiv gewiescht wieren, hätte béid Gewerkschaften en Accord fir déi betraffe Leit erreecht, deen et erméiglecht, op der enger Säit dës Leit bis bei d'Fermeture ze begleeden, ma hinnen awer och d'Transitioun fir op eng nei Plaz ze kommen, vereinfachen.