
D’Firma Universal Investment Group, déi efa viru puer Joer iwwerholl hat, huet ons d’Informatioune confirméiert. D’Firma sot ons, se géing aktuell 400 Leit hei am Land vollzäit beschäftegen.
An hirem leschte Joresbilan hat d’Firma, déi Bureauen zu Bouneweg huet, effektiv ugekënnegt, hir Capacitéiten a Polen wëllen ze verstäerken. Lëtzebuerg géing awer weider eng zentral Rolle an der kommerzieller Strategie spillen.
Am Joresbilan liest een och, datt d’Zomm oder d’Aktiva, déi efa geréiert, op ee Joer gekuckt vun 250 Milliarden op 458 Milliarden Euro geklommen ass. A Punkto Resultat war et awer just eng schwaarz Null.