
Een Asaz hat d'Police e Mëttwoch, nodeems hinne géint 18:45 Auer e Grupp Jugendlecher beim Skatepark an der Campingstrooss zu Wolz gemellt gi war, well dës méiglecherweis Cannabis fëmme géingen. Wéi d'Polizisten op der Plaz ukoumen, war ee vun de Jugendleche kuerz ewech bei eng Heck gaangen, bei där d'Beamten herno en Joint fonnt hunn. Weider Droge wiere bei der Kontroll awer net fonnt ginn. An der Géigend goufen awer och nach en Taser an eng Machete séchergestallt. Allerdéngs konnten dës kengem vun de Jugendlechen definitiv zougeuerdent ginn. D'Police huet entspriechend Ermëttlunge lancéiert.
Zu Colmer-Bierg gouf et dann nach e versichten Abroch an der Rue des Ardennes. Géint 20:40 Auer hat de Proprietär vum Haus iwwer Videoiwwerwaachung eng verdächteg Persoun op sengem Terrain gesinn, déi probéiere géing, d'Terrassendier opzebriechen. Well de Proprietär an der Vakanz war, huet dësen d'Police geruff. Op der Plaz konnten d'Beamten eng Persoun an der Géigend vum Grondstéck untreffen, déi sech bei enger Kellertrap verstoppt huet. Bei der Kontroll vum Verdächtege konnten ënner anerem eng kleng Quantitéit Haschisch an e puer Pëlle séchergestallt ginn.
Da gouf der Police nach géint 1:30 Auer en Donneschdeg de Moie gemellt, datt eng Fra am Beräich vun der Avenue Charles de Gaulle hiren Handy geklaut krut. Si wier ënnerwee heem gewiescht, wéi si vun enger onbekannter Persoun ugehale gouf. Den Täter huet hir doropshin den Handy geklaut an ass mat engem Vëlo a Richtung Rue du Laboratoire geflücht. D'Police huet Ermëttlungen opgeholl.