Jiddereen deen zu Lëtzebuerg de Führerschäin mécht, muss spéitstens no 2 Joer an de Centre de formation pour conducteurs op Colmer-Bierg, fir ee Fuersécherheetstraining ze absolvéieren. Dëst Joer feiert den CFC säin 30. Gebuertsdag a fir doriwwer ze schwätzen, wéi sech d'Situatioun op eise Stroossen an där Zäit verännert huet, ass de laangjärege President vum Verwaltungsrot, de Paul Schmit, en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Aner Sujete sinn d'Coursen, fir Punkten um Führerschäin erëmzekréien an déi fir Beruffschaufferen. Den Invité héiert Der wéi ëmmer direkt nom Noriichteniwwerbléck vun 8 Auer.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.