ZeienopruffAccident mat Farerflucht tëscht Steesel a Koplescht e Mëttwoch de Moien

RTL Lëtzebuerg
D'Police deelt mat, dass et e Mëttwoch de Moie kuerz virun 8 Auer zu engem Accident mat Farerflucht koum.
© RTL Archivbild

An der Rue des Champs tëscht Steesel a Koplescht krute sech e wäisse BMW an en däischteren SUV ze paken. Éischten Informatiounen no soll de BMW vum SUV beim Laanschtfuere gesträift gi sinn a wier dobäi beschiedegt ginn. De Chauffer vum SUV soll einfach weidergefuer sinn, ouni sech ëm de Schued ze këmmeren.

D'Persoun, déi den Accident provozéiert huet oder eventuell Zeien solle sech bei der Police vu Capellen um (+352) 244 301 000 oder per E-Mail op police.capellensteinfort@police.etat.lu mellen.

Da mellt d'Police nach, dass si e Raiber stelle konnt.En Dënschdeg hat eng Fra géint 10:30 Auer an der Uelzechtstrooss zu Esch hir Posch geklaut kritt. D'Affer konnt dem Täter ufanks nach nolafen, huet dësen awer aus den Ae verluer. Eng Sichaktioun gouf lancéiert an eng Zeien huet eng Patrull drop opmierksam gemaach, dass sech eng verdächteg Persoun géif ënnert engem Auto verstoppen. Dës gouf dunn och gestallt.

Bei der Fouille konnt e Laptop séchergestallt ginn. Dee war den Dag virdru gemellt ginn, well en aus engem Auto geholl gi war. Deen Ament wieren och Kreditkaarte geklaut ginn an et goufen entspriechend Ermëttlungen an deem Zesummenhang lancéiert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum schonn den Dag dono virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO