
E Samschdeg de Moien ass zu Ganderkesee am Landkrees Oldenburg, Niedersachsen, e klenge Fliger op den Dach vun engem Haus gefall. D'Police huet matgedeelt, datt beim Accident eng Persoun gestuerwen ass an eng aner nach vermësst gëtt.
D'Maschinn huet, esou d'Informatiounen, "aus nach onbekannte Grënn" Héicht verluer a soll dunn an eng Cité gefall sinn. Weider Ermëttlunge lafen.
Aus Sécherheetsgrënn gouf de Stroum ronderëm d'Plaz vum Accident ofgeschalt. D'Awunner aus der Géigend konnten op eng Ulafstell zeréckgräifen, wou si betreit an ënnerstëtzt goufen.
D'Krisenekippe vum Landkrees Oldenburg hu sech ëm Leit gekëmmert, déi den Accident direkt materlieft hunn oder an der Géigend waren.
Déi lokal Rettungsdéngschter goufen och vu Spezialekippe vun de Beruffspompjeeë vu Bremen ënnerstëtzt. Si hu mat engem Kran an hirem technesche Wëssen op der Plaz vum Accident gehollef.