Abréch zu LëtzebuergOnéierlecher briechen an en Haus an a klauen en eidele Safe

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne goufen der Police landeswäit e puer Abréch gemellt.
© RTL Archiv

Sou gouf beispillsweis e Sonndeg géint 17 Auer an en Eefamilljenhaus an der Rue Pierre Hennes zu Helsem agebrach. Éischten Erkenntnisser no hu sech onbekannt Täter Zoutrëtt duerch eng Garage-Fënster verschaaft.

Weider gouf en Abroch an en Eefamilljenhaus an der Rue du Golf um Sennengerbierg gemellt. Éischten Informatiounen no hunn onbekannten Täter Eng Terrassendier opgebrach gehat an hunn dunn eng Partie Raim duerchsicht. Ënnert anerem gouf en eidele Safe matgeholl.

A béide Fäll goufen Ermëttlungen ageleet, d'Fäll goufe protokolléiert.

E Sonndeg gouf der Police dann nach géint 21:40 Auer en Déifstall an en Auto an der Avenue Emile Reuter an der Stad gemellt. Éischten Informatiounen no soll den Täter iwwert eng hallef oppe Fënster an den Auto erakomm sinn, gouf allerdéngs vum Proprietär kuerz drop gestéiert. De presuméierten Täter ass du fortgelaf. Eng Patrull vun der Police konnt de Mann kuerz drop stoppen a kontrolléieren. E Protokoll gouf erstallt.

Back to Top
CIM LOGO