
No deenen éischten Deeg weise sech d’Organisateuren zefridden, déi um Méindeg op eng Pressekonferenz invitéiert haten.
D’Visiteure kommen, d’Attraktioune wiere gutt besicht an d’Fouer behält och 2026 hir Attraktivitéit. De President vun der Fédération Nationale des Commerçants Forrains, kuerz FNCF, Charles Hary, zitt e positive Bilan vun den éischten Deeg :
"Jo, mir si ganz zefridden, ech mengen, mer haten just eben e Samsdeg e bëssi Pech, well et extrem vill gereent huet, mee duerno d’Leit waren op der Plaz, an duerno si se erëm gaangen op d’Karusseller. Bis elo si mer ganz zefridden, jo."
De Patrick Goldschmidt, Mobilitéitsschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, erkläert, wéi een am beschten op d’Fouer an deenen nächsten Deeg kënnt:
"Dat Bescht ass, dir kommt entweder zu Fouss, mam Vëlo, oder dir huelt den ëffentlechen Transport, ech mengen, déi meescht Gemengen am Land offréieren och d’Servicer, fir mam Bus op d’Fouer ze kommen."
Eng Fro bleift awer och dës Kéier present : Ass d’Fouer ze deier ? Besonnesch bei de Jonken ass de Budget ee wichtegt Thema:
"- Sou deier, wéi et ass, gëtt bëssi komplizéiert virun allem fir Studenten, fänkt de Portmonni un ze kräischen, soss maache mer et wéi soss jiddereen, eppes schnell an de Rucksak, jo mee fir d’Spiller ass et awer der wäert.
- Jo ech fannen, dass d’Schueberfouer wierklech deier ginn ass, duerch déi lescht Joren, an dass een a sech muss vill ausginn, wann ee sech wëll vill Spaass maachen.
- D’Präisser sinn e bëssi an d’Luucht gaangen, ech mengen, dat huet ee sech och schonn erwaart.
- D’Spiller sinn och flott, et ass just e bëssi deier."
D’Präisser bleiwen domat ee vun de Punkten, iwwert deen d’Visiteuren diskutéieren. D’Foraine loossen dat awer net esou stoen.:
"Selbstverständlech ass se bezuelbar, ech mengen, et ass eng Situatioun, et kënnt een heihinner, et soll ee vergläichen, et soll een op d’Karusseller goen, et soll ee kucken, wat kascht wat. Mee ech mengen, et mussen een dat net ëmmer negativ kucken, et ass schonn intressant fir d’Leit. Si sollen heihinner kommen a selwer kucken, wéi et ausgesäit."
Fir déi Leit, déi mengen, et wier ze deier, loune sech dann déi extra Deeg un deenen Tariffer méi niddreg sinn:
26. August: Familljendag
1.September: Lämmy &Friends (am Nomëtten, do kann een een Fouerbichelchen beim Lämmy wannen)
2. September: Gourmet Familljendag
3. September: Lämmy &Friends
7. September: Lämmy Fouer Spill (vun 12 Auer un)
9. September: Journée à demi-tarif op de mSpiller (vun 12-20 Auer)
D’Federatioun hunn dëst Joer well 2000 Euro un "Een Häerz fir Kriibskrank Kanner" gespent.
A wie muer Loscht huet, sech vun engem Buergermeeschter zerwéieren ze loossen, dee kann en Dënschdeg vun 17 Auer un op de Buergermeeschterdag laanschtkommen.