Medezineschen NoutfallEng easyjet-Maschinn war vu London op Neapel ënnerwee, huet awer um Findel musse en ongeplangte Stopp aleeën

Andy Brücker
Et gouf e medezineschen Noutfall u Bord.
© RTL Mobile Reporter

De Vol EZY85PB vu London op Neapel huet en ongeplangten Tëschestopp um Findel musse maachen, well et u Bord e medezineschen Noutfall gouf. Den Airbus A320 war um 5:48 Auer zu London gestart an ass géint 7:45 Auer um Findel gelant.

Zwou Persounen hu musse vum CGDIS behandelt ginn.

D’Passagéier hunn all missen aus dem Fliger eraus. En anere Fliger sollt op Lëtzebuerg kommen, fir d'Leit weider op hir Destinatioun an Italien ze bréngen.

Et ass den zweeten Tëschefall an deem Stil, deen et dës Woch um Findel gouf. En Dënschdeg huet eng Maschinn vu Ryanair och um Findel musse landen, wéinst engem medezineschen Noutfall.

Back to Top
CIM LOGO