D'Police krut e Méindeg den Owend gemellt, dass e Liwwerwon zu Zolwer geklaut ginn ass. Et dierft géint 18:15 Auer gewiescht sinn, wou d'Gefier vun engem Parking geklaut gouf. Et gouf direkt eng Sichaktioun an d'Weeër geleet. D'Enquête leeft nach.