Bulletin vum 112E Blesséierte bei Accident zu Kanech, e weidere Blesséierten op der N13

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt all Kéiers ee Blesséierte bei Accidenter um Méindeg den Owend, respektiv en Dënschdeg de Moien.
© Laurent Weber

Wéi den 112 mellt, koum et e Méindeg géint 17:19 Auer an der Rue de l'école zu Kanech zu engem Accident. Op dëser Plaz hate sech en Auto an e Moto ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter vu Réimech.

Um Dënschdeg de Moien huet et géint 9:40 Auer op der N13 tëscht Garnech an dem Wandhaff gerabbelt. Zwee Autoen waren hei anenee gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Koler an eng Ambulanz vu Mamer.

Back to Top
CIM LOGO