Nodeems den DP-Politiker Jean-Marc Hierzig Enn Juni en déidleche Malaise op engem Trakter hat, gouf eng Plaz fräi am Gemengerot zu Réimech. Enn Juli hat d'DP-Sektioun vu Réimech du matgedeelt, datt de Christophe Brandenbureger noréckele géing. Eigentlech wier de Posten un déi Nächstgewielt Myriam Bonenberger gaangen, si huet awer aus gesetzleche Grënn op d'Mandat verzicht.
En Dënschdeg de Moie gouf de Christophe Brandenburger offiziell als neie Member vum Réimecher Gemengerot vereedegt.