
Am Regierungsrot goufen e Méindeg zwee groussherzoglech Reglementer guttgeheescht, déi d'Relatioun tëscht der Gesondheetskeess an den Dokteren reegelen, nodeems d'Konventioun jo vun der Dokteschassociatioun gekënnegt gouf. D'AMMD hat jo och annoncéiert, datt si keng nei Konventioun méi wëllen ënnerschreiwen. De Mediateur huet dowéinst jo déi lescht Woch eng Non-Conciliatioun gesprach.
Doduerch dass d'Relatioun Dokter-CNS elo via Règlement grand-ducal gereegelt ass, wann d'Konventioun am Oktober bis ofleeft, gëtt et awer keng Ënnerbriechung vun der Prise-en-charge vun de Soinen, an d'Remboursementer géifen och wéi gewinnt weiderlafen. D'Tariffer bleiwe virleefeg déi Selwecht.