Bei den Interventiounen hunn déi zoustänneg Autoritéite bei 73 Entitéiten e Protokoll geschriwwen.
55 Mol waren d'Jores-Konten net bannent de legalen Delaie publizéiert ginn.
22 Mol gouf et e Problem mat der Autorisation d’établissement.
An an 23 Fäll waren Informatioune beim RBE net korrekt oder komplett.
Am Ganze ware 50 Membere vu Policekommissariater vu véier Regiounen am Asaz souwéi Magistrate vun den zwee Parqueten. Et gouf mat den zoustännege Ministèren a Verwaltungen zesummegeschafft.