Nationalen Uebstbauveräin warntDréchent stellt ëmmer méi Betriber viru wirtschaftlech Problemer

Joel Detaille
D'Käschte ginn an d'Luucht, well vill muss genat ginn. Trotzdeem wäert d'Recolte op ville Plaze méi moer ausfalen. Fir munche Betrib gëtt d'Loft dënn, sou den Uebstbauveräin, deen eng nei Strategie fuerdert.
© Lynn Cruchten

Déi aktuell Dréchent an déi héich Temperature stellen déi national Uebst- a Geméisproduzenten dëse Summer virun ëmmer méi grouss Erausfuerderungen. De Lëtzebuerger Uebstbauveräin mécht en Dënschdeg an engem Schreiwes drop opmierksam, dass d’Situatioun mëttlerweil net nëmmen agronomesch, ma och wirtschaftlech fir vill Betriber ganz problematesch gëtt.

Virun allem d’Käschte sinn explodéiert, well ebe muss genat ginn, well de Reen ausbleift. Trotzdeem: Op ville Kulture misst dëst Joer mat méi kléngen Erträg gerechent ginn. Manner Akommes deemno bei héije Käschten fir d’Produzenten.

Un d'Politik ass et den Appell, déi néideg Produktiounsbedéngungen ze schafen. Wa mer méi Lëtzebuerger Uebst a Geméis wëllen, da musse mer och sécherstellen, dass de Produzenten an Drécheperiode Waasser zur Verfügung steet, ass ze liesen.

Dobäi géif et net drëms goen, onlimitéiert Drénkwaasser fir d’Landwirtschaft ze verbrauchen. Mä gebraucht gëtt eng intelligent an nohalteg Waasserstrategie, fuerdert den nationalen Uebstbauveräin.

Liest HEI de Communiqué vum Landesuebstbauveräin

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO