DAB+ zouverlässeg a Krisenzäiten?DAB+ soll net traditionellen UKW-Radio ersetzen, esou d'Regierung

Leonie Nestler
An enger parlamentarescher Fro huet d'ADR d'Kommunikatiounspolitik vun der Regierung a puncto Radiosfrequenzen a Fro gestallt.

Kann den neien digitale Radiostandard DAB+ am Krisefall genee esou zouverlässeg informéieren ewéi den traditionelle UKW-Radio? Dat freet d'ADR-Deputéiert Alexandra Schoos an enger parlamentarescher Fro. D'Regierung probéiert ze berouegen.

DAB+ a Krisenzäiten / Reportage Leonie Nestler

Den neie Radiostandard DAB+ soll eng besser Tounqualitéit hunn a méi Informatiounen a Programmer kënnen transportéieren. Effektiv gëtt den DAB+ ëmmer méi verbreet. Ënner anerem mussen all nei Gefierer, déi zanter 2021 an der EU op de Marché kommen mat engem DAB+-Radio equipéiert sinn.

An der Question parlementaire geet et ëm e potentielle Widdersproch an der Regierungspolitik: Dem Bierger gëtt nämlech geroden, e manuelle UKW-Radio fir Noutfäll parat ze hunn. Parallel soll d'UKW-Infrastruktur ëmmer méi ofgebaut an duerch den neien DAB+ ersat ginn, dat schreift d'Alexandra Schoos an hirer parlamentarescher Fro.

An der Äntwert vum Premier Frieden, vun der delegéierter Ministesch fir Medien a Connectivitéit Margue an dem Inneminister Gloden geet awer ervir, datt d'Regierung net vir hätt, den DAB+ als Ersatz vun der aktueller UKW-Diffusioun anzesetzen. Et géif sech hei vill méi ëm eng einfach Ergänzung handelen, fir der technologescher Radioentwécklung gerecht ze ginn.

D'Regierung betount och, datt een héich Uspréch un d'Resilienz vum DAB+ stellt an den Ausbau nach net ofgeschloss ass. Dofir ginn et nach keng definitiv Ofdeckungskaarten. An enger Krisesituatioun wéi bei engem gréissere Stroumausfall soll de Radio weider funktionéieren, well déi wichtegst Sender Noutstroum hunn. Eng konkret Autonomiezäit gëtt allerdéngs net genannt.

Back to Top
CIM LOGO