Videoreportage: Ënnerwee mat der DouaneWat gëtt bei enger Camionskontroll alles iwwerpréift?

RTL Lëtzebuerg
RTL war virun e puer Woche bei enger Camionskontroll vun der Douane dobäi. De Patrick Flammang huet eis gewisen, op wat d'Beamte bei esou enger Kontroll oppassen. Vun der Sécherung bis bei d'Fuerzäite vum Chauffer.

Als éischt gëtt kontrolléiert, ob d'Wuer um Camion richteg geséchert ass. Duerno ginn d'Donnéeë vum Tachograph erofgelueden an iwwer e spezielle Programm ausgewäert. Esou kann d'Douane kontrolléieren, ob de Chauffer seng virgeschriwwe Fuer- a Rouzäiten agehalen huet. Och d'Vitess an de Verlaf vun der Faart kënnen iwwerpréift ginn.

An engem zweeten Deel vum Reportage si mir bei enger méi grousser Kontroll op der Diddelenger Autobunn dobäi.

Back to Top
CIM LOGO