Déi selwecht Problemer an déi selwecht ErausfuerderungenDäitschsproocheg Gesondheetsminister tausche sech zu Lëtzebuerg aus

Dany Rasqué
Si gesi sech eemol d'Joer, fir sech iwwer aktuell Sujeten auszetauschen, sech eventuell vun de Kolleegen inspiréieren ze loossen an d'Zesummenaarbecht ze stäerken. Dëst Joer ass de Rendez-vous zu Lëtzebuerg.
© Dany Rasqué

Däitschsproocheg Santésministere zu Lëtzebuerg / Reportage Dany Rasqué

De Pensiounssystem, d'Präventioun op der Aarbecht an neurodegenerativ Krankheeten. Dat waren déi 3 grouss Theemen, déi déi däitschsproocheg Gesondheets- a Sozialminister e Méindeg op hirem Ordre du jour haten.

De sougenannten Gesondheetsquintett, zu deem Däitschland, Éisträich, d'Schwäiz, Liechtenstein a Lëtzebuerg gehéiert, war, fir ze schaffen, zu Esch zesummen an et goung virop ëm eng Moderniséierung a flexibel Gestaltung vum Rentesystem. Do huet Lëtzebuerg gewisen, wéi een déi lescht Reform ugaangen ass, esou d'Gesondheets- a Sozialministesch Martine Deprez. "Mam 'Schwätz mat', dee jo iwwert e Joer probéiert huet, déi ganz Bevëlkerung mat an d'Diskussioun anzebannen an an de leschten Deeg hu mer jo gesinn, wéi wichteg datt et ass, datt ee jidderee mat abënnt an Diskussiounen an dat hu mer hei bestätegt kritt. Och si droe Suerg an hire Länner fir datt jiddereen - net nëmmen d'Sozialpartner mä och d'Sozialpartner- mat an d'Diskussiounen agebonne ginn."

D'Pensiounen sinn net just zu Lëtzebuerg en Thema. Och Éisträich steet viru Changementer. Déi éisträichesch Ministesch fir Aarbecht, Gesondheet a Soziales Korinna Schumann: "Mir hunn e gudde staatleche Pensiounssystem, mä och hei musse mer kucken, datt mer Verännerunge viru bréngen a virun allem, datt mer et fäerdeg bréngen, datt d'Leit méi laang a Beschäftegung bleiwen an domadder eise System entlaaschten."

D'Aarbechtskonditioune kéinten en éischte Schrëtt sinn, dofir goung och Rieds iwwert Präventioun op der Aarbecht. "D'Präventioun op der Aarbecht, dat sinn net nëmmen déi allgemeng Präventiounstheemen, wou dacks Alkohol an Tubak ugeschwat gëtt. Hei ass och ugeschwat ginn, datt ëmmer méi Stress op der Aarbecht ass an, datt déi psychosozial Theemen och op der Aarbecht mussen opgegraff ginn."

Eng grouss Erausfuerderung am Gesondheetsberäich sinn neurodegenerativ Krankheeten, ee Beräich, wou international Zesummenaarbecht eng grouss Roll spillt. "Do ass dee grousse Fuerschungsreseau, dee mer kéinten opbauen a schonn deelweis opgebaut hunn. Mat Däitschland, Liechtenstein, mat der Schwäiz mat Éisträich fir Fuerschungsresultater auszetauschen. Mir sinn net eleng do. Mir sinn zwar e klengt Land, mä mir hunn e groussen Impakt op d'Ausland doduerch, datt mer hei scho fréi e Präventiounszenter opgebaut hunn an der Demenz, mat Akzent op Parkinson, mä deen elo och ausgeweit hunn op aner neurodegenerativ Krankheeten".

D'Martine Deprez an hir däitschsproocheg Homologinnen an Homologen ënnersträichen awer och, wéi wichteg et bei neurodegenerative Krankheeten ass, datt d'Leit doheem an der Famill gefleegt ginn. Mat Institutiounen a Strukturen eleng géif een d'Erausfuerderung net gemeeschtert kréien.

Back to Top
CIM LOGO