Vum WeekendFestnam wéinst Vol vun Druckertënt zu Angelduerf, Festnam no Beschiedegung vu Gefier zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg géint 14 Auer gouf der Police e Vol an engem Buttek an der Route d'Ettelbréck zu Angelduerf gemellt.
© Laurent Weber

E Mann hat versicht, eng méi grouss Quantitéit Druckertënt ze klauen. Sécherheetsleit konnten de Verdächtege bis zum Agrëff vun der Police festhalen. D'Wuere goufen dem Geschäft zeréckginn.

Bei den Ermëttlunge koumen Indizien op, datt de Mann och mat änlechen Déifställ aus de leschte Jore kéint a Verbindung stoen. D'Ermëttlunge lafen nach. De Mann gouf verhaft.

Gefier mam Fouss gerannt: Festnam zu Ettelbréck

E Sonndeg géint 14:30 Auer gouf der Police eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persounen an der Avenue J-F Kennedy zu Ettelbréck gemellt. Eng Fra soll e Gefier beschiedegt hunn. Wéi si wollt fortgoen, huet de Besëtzer vum Auto si bis zum Agrëff vun der Police festgehalen.

Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, datt géint d'Fra e Mandat d'arrêt virlouch. Si gouf doropshin an d'Prisong zu Schraasseg bruecht. Wéinst dem Schued um Gefier huet d'Police e Protokoll opgeholl.

Back to Top
CIM LOGO