Op der FouerPersoun klaut Goldkette vum Hals a menacéiert Affer mat Täschemesser

RTL Lëtzebuerg
Op der Fouer huet de Weekend eng Persoun hirem Affer onbemierkt d'Goldkette vum Hals geklaut a gouf méi spéit da mat engem Täschemesser menacéiert.
© Clement Steffen

E Sonndeg den Owend gouf engem Visiteur op der Schueberfouer géint 21:15 Auer eng Goldkette vum Hals geklaut. Wéi d'Police schreift, hätt den Täter engem Mann op d'Broscht geklappt a wier duerno nees fortgaangen. Dem Affer war réischt kuerz drop opgefall, datt d'Kette gefeelt huet a sou huet se sech zesumme mat sengem Begleeder op d'Sich nom Täter gemaach.

Wéi dëse fonnt gouf, huet den Täter d'Ketten nees zréckginn, ma den Unhänger vun der Ketten huet ëmmer nach gefeelt. Wéi béid Männer den Täter bei enger Bud eng zweete Kéier zur Ried gestallt hunn, huet dësen en Täschemesser rausgeholl a béid Persoune menacéiert. Duerno huet e sech a Richtung Allée Scheffer duerch d'Bascht gemaach. Eng Sich vun der Police kuerz drop hat kee Succès.

Weideren Artikel zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO