Zu PéitengAbriecher wëll Kleeder dréchnen a verursaacht Brand a Keller

RTL Lëtzebuerg
Schlëmmer Konsequenze vun engem Abroch konnten e Sonndeg de Moien an der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng verhënnert ginn.
En Asazgefier vum CGDIS
© Laurent Weber

Géint 9:50 Auer krut d'Police hei e Feier an engem Keller vun engem Appartementsgebai gemellt. Éischten Informatiounen no wier e Mann d'Nuecht virdrun an de Keller agebrach an hätt hei seng Kleeder gewäsch. Fir se ze dréchnen, huet e se iwwert en Elektrogrill gehaangen an ass doropshin ageschlof. D'Kleeder sinn dunn a Brand geroden.

D'Dampentwécklung war enger Residente vum Gebai opgefall, déi d'Pompjeeën alarméiert huet. Dës konnten de Mann, dee geschlof hat, aus dem Keller retten. Eng medezinesch Behandlung huet hien awer refuséiert. D'Gebai huet vun de Secouriste misse belëft ginn, ier d'Residenten nees zeréck era konnten.

D'Police weist an dësem Kontext drop hin, datt Kellerraim a Garagen ëmmer sollen zougespaart sinn. Verdächteg Observatioune soll een der Police mellen. Weider hëllefräich Tipps an Hiweiser fannt Dir um Site vun der Police.

Back to Top
CIM LOGO