
Wéi d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire e Mëttwoch matdeelt, ass de Produit "Crevettes Madagascar Label Rouge" vun der Mark Signature du poissonnier aus de Regaler gezu ginn, wéinst der méiglecher Presenz vu Listerien.
Betraff wiere Produiten, déi tëscht dem 30. August an dem 2. September am Grand Frais verkaf goufen. Bei der sougenannter "Listeria monocytogenes" handelt et sech ëm Bakterien, déi Féiwer oder Mo-Daarm-Probleemer ausléise kënnen. Schwanger Fraen a Leit, déi gesondheetlech schonn ugeschloe sinn, si besonnesch a Gefor.
Méi Detailer zum Réckruff fannt Dir um Site vun der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung.