
D'Explosioun wier an der Bahnhofstraße ganz an der Géigend vun der Entrée zu der Gare geschitt, esou ee Spriecher vum Polizeipräsidium Schwaben Nord e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.
Ee "bis ewell onbekannte" Géigestand wier explodéiert an hätt bei zwou Persounen ee "Knalltrauma" ausgeléist. D'Fënsteren a Gebaier ronderëm wieren ausserdeem gesprongen. D'Police wier mat enge sëllege Beamten op der Plaz an dee betraffenen Eck wier ofgespaart, esou de Spriecher. Ausserdeem wier den Zuchverkéier um Gleis 1 beanträchtegt.
Kuerz Zäit drop huet et vun der Police geheescht, d'Gare wier elo komplett gespaart ginn an et géif keen Zuchtraffic méi ginn. Der däitscher "Bild" no wier ee weidere verdächtege Géigestand an der Gare selwer fonnt ginn. D'"Bild" schreift ausserdeem, d'Explosioun wier duerch eng Handgranat ausgeléist ginn, déi virun engem Bijoutier explodéiert wier. D'Police géif een Zesummenhang mat der organiséierter Kriminalitéit ënnersichen.