RéckruffFriemkierper a verschidden Zalote vun der Mark Auchan

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt eng weider Alerte vun der Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire. Dës Kéier sinn direkt e puer Zalotenzorte betraff.
© RTL Grafik

Nom Rappell mat de roude Krevetten, huet d'Alva e Mëttwoch nach ee weidere Réckruff lancéiert. Betraff si verschidden Zorten Zalot vun der Mark Auchan an déi antëscht aus de Regaler geholl goufen. An den Zalote kéinten deemno schwaarz Friemkierper sinn. Betraff ass de Pak "Piemontaise Jambon" vun engem Kilo an och d'hauseege Coleslaw-Zalot. Do sinn et d'Pacl vun engem Kilo respektiv dee vu 500 an dee vun 300 Gramm.

Méi Detailer zum Réckruff fannt Dir um Site vun der Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung.

Back to Top
CIM LOGO