
Och d’Aktivitéiten an der Industrie an am Bau wieren no méi schwierege Joren an engem positiven Trend.
Déi wirtschaftlech Croissance vum Grand-Duché fir den zweeten Trimester vun dësem Joer ass nach net bekannt, mee se kéint erëm positiv sinn. Déi zwee viregt Trimestere louch se bei 0,0%.
A Punkto Inflatioun misst ee wéinst der Fermeture vun der Hormus-Strooss an den Dréchenten dëse Summer mat Präisshaussë bei de Liewensmëttel rechnen. Am Juni war déi lescht Indextranche an déi nächst ass nach ëmmer fir den Hierscht d’nächst Joer virausgesot.