Bezuelt a falsch Bankkaart zeréckkrittFalsch Livreuren nees ënnerwee, Police warnt viru Bedruchsmasch

RTL Lëtzebuerg
Wann een Affer vun esou engem Bedruch gëtt, soll ee sech direkt bei der Police mellen.
© Bild vu romeosessions via Pixabay

An de leschten Deeg goufen der Police eng Partie Trickdéifställ duerch falsch Livreure gemellt, ënner anerem e Méindeg an der Rue de Reckenthal zu Stroossen an an der Rue Michel Lentz zu Bäreldeng. An alle Fäll sinn d'Täter op eng änlech Manéier virgaangen.

En onbekannte Mann schellt an de meeschte Fäll bei eelere Leit a gëtt vir, e Pak liwweren ze wëllen. Fir d'Iwwergab vum Pak soll eng kleng Tax mat der Bankkaart bezuelt ginn. D'Affer hält seng Bankkaart un en Apparat, deen den Täter dobäi huet a gëtt seng PIN an.

Am weidere Verlaf tauscht den Täter d'Bankkaart onbemierkt géint eng Kaart aus, déi vum Ausgesinn hier änlech ass, awer op en aneren Numm ausgestallt ass. Well d'Kaarte sech sou änlech sinn, mierken d'Affer den Austausch normalerweis net direkt. Duerno benotzen d'Täter déi geklaute Bankkaarten, fir Bezuelungen ze maachen oder Boergeld opzehiewen.

Wann Dir Affer vun esou engem Bedruch gitt, soll ee sech direkt bei der Police mellen. An dësem Zesummenhang réit d'Police, eng Bankkaart ni aus der Hand ze ginn, bei Zweifel de Virgank direkt ofzebriechen a besonnesch eeler Leit am perséinlechen Ëmfeld iwwer dëse Bedruch z'informéieren an entspriechend ze sensibiliséieren.

Back to Top
CIM LOGO