Aus dem PolicebulletinZwee Abriecher um Cents gepëtzt, presuméierten Drogendealer am Garer Quartier festgeholl

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police fir e Méindeg insgesamt dräi Festnamen.
© Laurent Weber

Ugefaangen an der Nuecht op e Méindeg, géint 1:50 Auer no engem versichten Abroch an en Appartementsgebai an der Allée du Carmel um Cents. Zwee presuméiert Brigangen hätten hei versicht anzebriechen, goufen awer vun engem Resident iwwerrascht. Déi zwee Verdächteg konnten no enger Sich vun der Police gestallt ginn, bei hinne goufe presuméiert geklaut Géigestänn fonnt. Op Uerder vum Parquet goufe si festgeholl a koumen am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Owes dann, géint 18:10 Auer, war enger Policepatrull an der Rue du Fort Wallis am Garer Quartier e Mann opgefall, bei deem de Verdacht bestoung, datt et sech ëm en Drogendealer handelt. Bei enger Kontroll hu si dunn eng Rei Bulle mat Droge fonnt an och hie koum op Uerder vum Parquet en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO