Pressekonferenz vum Fräie Lëtzebuerger Bauereverband FLBËmweltschutz a Liewensmëttelproduktioun dierften net géinteneen ausgespillt ginn

Claudia Kollwelter
Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg de Moien huet d'FLB vun engem enormen Drock fir d'landwirtschaftlech Betriber geschwat.
© Ben Wagner

Ëmwelt- an Naturschutz a Liewensmëttelproduktioun dierfen net géinteneen ausgespillt ginn. Dat fuerdert de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, kuerz FLB. Op enger Pressekonferenz en Dënschdeg de Moien hu se vun engem enormen Drock fir d'landwirtschaftlech Betriber geschwat a vu laangfristege Problemer, déi ee misst ugoen, fir dem Secteur eng Perspektiv ze ginn. Ee Problem gesinn d'Baueren am Opkaf vu landwirtschaftleche Produktiounsflächen duerch de Staat als Kompensatiounsmesure. De Jürgen Alberts vun der FLB betount, datt d'Landwirtschaft do zweemol verléiere géif:

"Eng Kéier verléiere mer déi Flächen, déi bebaut ginn, a mir verléieren eng zweete Kéier déi Flächen, déi net méi fir d'Produktioun do sinn, mee déi Fläche ginn da fir ökologesch Kompensatioun genotzt."

D'Präisser vum Land wieren donieft extrem geklommen. An de leschten zéng Joer hätt de Staat iwwerdeems 880 Hektar landwirtschaftlech Fläch fir Kompensatiounsmoossname kaaft.

Et géif och un Transparenz feelen, wien d'Flächen dono bewirtschaft. Dofir d'Fuerderung, datt de Proprietär an de Piechter zesummen am Prozess vum Opkaf vun der Fläsch matabezu gëtt. Dat heescht, et soll net méi esou sinn, datt de Piechter iwwert e Bréif informéiert gëtt, datt de Staat déi Fläch kaaft huet. Bei der Reduzéierung vum Ammoniak am Methan bedauert den FLB, datt et keen Austausch tëscht dem Ëmwelt- a Landwirtschaftsministère gëtt. D'Baueren hätten iwwerdeems scho vill Efforte gemaach, betount den Alain Schaack:

"D'Véibestandsreduzéierung ka keng pauschal Léisung sinn, fir wa mer iwwer Klimagaser, respektiv Schadstoffer schwätzen. Dat kann net d'Véibestandsreduzéierung sinn, mee dat muss eng Verbesserung si vun deem, wat meng Déieren, wéi ech meng Déieren halen, wat ech mat den Ausscheedunge maachen, awer net einfach soen, mir halen der manner a mir hale se awer genau esou gutt oder schlecht wéi virdrun. Dat ass net eng Ännerung vum Problem."

Problematesch fanne si dann och, datt Biodiversitéitsmesurë pauschal op landwirtschaftlech Fläche vun uewen erof ëmgesat ginn, seet de Ronny Goedert:

"Firwat solle Wise mat engem héije landwirtschaftleche Potenzial extensivéiert ginn, wann d'Chancë fir méi eng héich zousätzlech Biodiversitéitsentwécklung geréng sinn?"

Och hei fuerdert den FLB, méi mat agebonnen a consultéiert ze ginn.

Pressekonfertenz vum FLB / Reportage: Claudia Kollwelter

Back to Top
CIM LOGO