
On.perfekt keeft, wéi den Numm et seet, onperfekt Liewensmëttel op a verkeeft dës weider. Sief et an hirem Geschäft zu Maarnech sief et a Form vu Geméiskëschten. Doriwwer eraus gi Mataarbechter a Schoulen an op Manifestatiounen Opklärungsaarbecht géint Liewensmëttelverschwendung maachen. Bannent dräi Joer, bis Enn Juni goufen dës Aktivitéiten duerch eng Konventioun ënnerstëtzt. "Domadder konnte mer Paie vu Kolleege bezuelen, déi sech fir d'Projeten asetzen", seet d'Marie-Anne Diesel Comité-Member vun On.perfekt.
Mat der Verlängerung vun enger finanzieller Ënnerstëtzung duerch d'Konventioun hat ee scho fest gerechent, besonnesch well een dat schonn de 25. Juni schrëftlech confirméiert kritt hat. "Zwou Woche virum Stéchdatum koum dunn d'Informatioun: 'Nee, dat geet awer net. Mir kënnen déi awer net verlängeren'", betount d'Marie-Anne Diesel. Well dat esou kuerzfristeg war, hat ee schonn de Planning opgestallt, fir mat den Aktivitéiten, wéi bis elo, weiderzefueren an och Projete fir de Budget virgesinn.
D'Grënn fir d'Kënnegung vun der Konventioun kéint een net novollzéien. Eng Entrevue mam Ëmweltministère hätt een och ugefrot gehat, mee keng Reaktioun kritt. Am Schreiwes hätt gestanen, datt eng Société d'impact sociétal net kéint ënnerstëtzt ginn, seet d'Marie-Anne Diesel. Un der Societéit hätt sech awer näischt verännert par-rapport zu 2023, wou déi lescht Konventioun ënnerschriwwe gi war.
Bis zum Enn vum Joer hätt de Ministère da confirméiert, dass On.perfekt weiderhi finanziell Ënnerstëtzung kritt, fir hir Projete weiderzeféieren. Wéi et dono weidergeet, weess een awer nach net. Eng Persoun, déi Sensibiliséierungsaarbecht an de Schoule gemaach huet, huet d'Societéit verlooss a wäert wuel net ersat ginn. Dobäi wier awer eigentlech geplangt gewiescht, mat der neier Konventioun grad dës Aarbecht weider auszebauen an och a Lycéeën ze goen.