D'Police melltZwou Persoune no Iwwerfäll festgeholl, Kläpperei mat Fläschen zu Bouneweg

RTL Lëtzebuerg
Nieft Affer, déi hir Kette vum Hals gerappt kruten, koum et zu Bouneweg och nach zu engem handfeste Sträit.
© Laurent Weber

An der Rue du Fort Wallis an der Stad gouf e Samschdeg den Owend ëm kuerz viru 17 Auer enger Persoun mat Gewalt d'Kette vum Hals gerappt. De presuméierten Täter konnt kuerz drop vun der Police ugetraff ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl a gëtt am Laf vum Sonndeg virun den Untersuchungsriichter bruecht.

An der Rue du Fort Neipperg an der Stad gouf e bësse méi spéit am Owend engem weideren Affer d'Kette geklaut. Den Täter huet d'Affer fir d'éischt ugedanzt an esou ofgelenkt, iert hein ëm d'Goldkette vum Hals gerappt huet a sech a Richtung Rue de Bonnevoie duerch d'Bascht gemaach huet. D'Police huet mat enger Persounebeschreiwung nom Déif gesicht a konnt de presuméierten Täter kuerz drop stellen. D'Täterbeschreiwung huet gepasst an d'Affer konnt de Verdächtegen als Täter identifizéieren. De Mann koum mat op de Policebüro, gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a gënnt och am Laf vum Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.

Sträit zu Bouneweg eskaléiert

Wéi d'Police an hirem Bulletin nach matdeelt gouf de Beamten e Samschdeg de Moien ausserdeem nach e Sträit tëscht zwee Männer gemellt, déi sech mat Fläsche géigesäiteg schloe géifen. Op der Plaz hunn d'Beamten du festgestallt datt déi zwee Männer schonn e puer Stonne virdru wéinst änleche Streidereien opgefall waren.

Béid Männer hate gedronk an hu sech och vun de Beamten net berouege gelooss. Well si eng Gefor fir sech an anerer duergestallt hunn, huet d'Police déi zwee mat op de Büro geholl, wou si no engem medezinesche Check an de Passagearrest koumen.

Back to Top
CIM LOGO