Aussoen, déi weisen, wéi d'Meenunge bei dëser Fro ausernaner ginn.
Zwou Etüden, zwou Methodologien, zwou Konklusiounen. Mat um Enn engem Debat iwwer d'Relatioun: Liewenserwaardung a Pensioun. Well anescht wéi d’Etüd vun der Inspection générale de la sécurité sociale kënnt déi vun der wëssenschaftlecher Cellule vun der Chamber, déi den Deputéierte Marc Baum an Optrag ginn huet, zur Conclusioun, datt et Ënnerscheeder ginn, wéi grouss d'Liewenserwaardung vu Pensionären zu Lëtzebuerg ass.
De Marc Baum vun déi Lénk erkläert: "An déi hänke ganz staark domadder zesummen, wéi vill d'Leit Revenuen hunn an der Pensioun. An déi Ënnerscheeder sinn enorm, déi gi bis zu fënnef Joer, wou Leit, déi um ieweschten Decil sinn, dat heescht mat ganz héije Pensiounen, méi laang liewen, wéi Leit, déi ganz kleng Pensiounen hunn. An dat mengen ech, verännert komplett d'Diskussioun, wa mer an Zukunft wëllen iwwert eng Pensiounsreform schwätzen, déi un temps soit peu sozial gerecht soll sinn."
D’Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet, Martine Deprez, ass do anerer Meenung: "Déi Conclusioun ass e bësse simplistesch geholl. Natierlech gesäit et esou aus, wéi wann op där Etüd, déi gemaach ginn ass, d'Liewenserwaardung méi héich ass, wann ee méi eng héich Pensioun huet. A wann een elo géif op der Strooss ee Mënsch froen, wien huet eng héich Liewenserwaardung, da géif ee geäntwert kréien, ma een, dee gesond ass, dee sech gesond erniert, dee keen Accident hat, dee vläicht elo net all Woch eng Kéier krank war. Wann dat elo eng Relatioun ass mat der Pai, déi een huet, da géif ech direkt Jo soen, mee dat ass net sou einfach."
De Marc Baum hält dru fest. Et ginn Ënnerscheeder. An den Deputéierte vun déi Lénk huet och eng Erklärung, déi iwwert d'Natioun vu Penibilitéit wärend der Carrière selwer eraus geet.
"Ech mengen, et ass manner d'Penibilitéit selwer vun der Aarbecht, mee einfach dat, wat een herno als Pensioun huet. Ob ee weider der permanenter Existenzangscht ausgesat ass, wat sécherlech en Afloss op déi Zäit huet, déi een an der Pensioun ass oder ob een awer la vie en rose kann hu mat enger ganz, ganz héijer Pensioun."
De Marc Baum fuerdert och, datt bei deene Leit mat de ganz héije Paien de Cotisatiounsplafong opgehuewe gëtt. Ouni awer dofir nei Leeschtungen ze kréien. Dat géif de Pensiounssystem iwwer Joerzéngte méi fiabel maachen.
"Dat ass jo schonn och wärend där ganzer Consultatioun an d'Spill komm. Eleng duerch de Fait, wa mer deplafonéieren, kréie mer méi Suen an d'Kees eran. Wann de System esou bleift, wéi en ass, da ginn déi héich Pensiounen dann nach méi héich, ausser mir géifen dorobber keng Pensiounsrechter opbauen. Mee domadder hu mer kengem gehollef, fir méi an der Pensioun ze kréien a mir hunn och kengem gehollef, fir méi laang liewen ze kënnen, wa seng Liewenserwaardung eeben déi ass, déi se ass", sou d’Ministesch Martine Deprez
D'Pensiounen, de Finanzement an d'Liewenserwaardung: Theemen, déi bei der politescher Rentrée am September weider beschäftege wäerten.