Ëmweltminister Wilmes“Et ass vläicht net alles optimal gelaf”

Raphaëlle Dickes
Bëschbränn virun der Hausdier wären een neit Phenomeen an et misst ee selbstkritesch sinn, et wär ee vun engem neie Phenomeen iwwerrascht ginn.
© Raphaëlle Dickes

De Regierungsrot huet sech e Méindeg mat der Dampwollek iwwer dem Land befaasst an der Kommunikatioun ronderëm.

Et wär vläicht net alles optimal gelaf, esou d’Analys vum Ëmweltminister. Och Experten aus sengem Ministère sinn an der interministerielle Cellule vertrueden, déi d’Situatioun vun de Bränn am Héije Venn evaluéiert.

Ëmweltminister Wilmes: “Et ass vläicht net alles optimal gelaf”
Bëschbränn virun der Hausdier wären een neit Phenomen an et misst ee selbstkritesch sinn, et wär ee vun engem neie Phenomen iwwerrascht ginn.

Déi existent Zenarien a Protokoller, fir op d’Belaaschtung vun der Loft ze reagéieren, wären op den Trafic am stättesche Raum an op Industriepollutioun gemënzt, erkläert de Serge Wilmes. Et wär ee vun engem ganz neie Phenomeen iwwerrascht ginn.

“Et hätt ee kënne verschidde Saachen nach besser maachen an dat wäert och mat afléissen am Opschaffe vun der heite Kommunikatioun. De Regierungsrot huet kloer deen Optrag ginn. Alles muss eng Kéier op de Leescht och geholl ginn, fir ze kucken an Zukunft, wann esou Episode kommen, datt mer och nach do eis Kommunikatioun kënne besser un ons Bevëlkerung erukréien.”

Esou soll beispillsweis an Zukunft an der App "meng Loft" och de Stonnewäert vun der Loftqualitéit ugewise ginn. Dernieft géif iwwerluecht ginn, fir am Norde vum Land Miessstatioune fir de Feinstëbs opzeriichten. Bis ewell ginn et där just zwou an der Stad, eng zu Esch an eng zu Beidler an der Gemeng Jonglënster.

Läschfligeren zu Lëtzebuerg stationéieren

Iwwer eege Läschcapacitéiten aus der Loft gouf an de leschte Woche vill diskutéiert. Den Ëmweltminister plaidéiert dofir. Am Abrëll schonn hätt hie mat sengem belschen Homolog driwwer geschwat, fir mat den Nopeschlänner ee gréisseren Dispositif opzestellen. Dofir hätt hien elo och mam Inneminister Gloden a mam Premier Frieden e Méindeg am Regierungsrot doriwwer geschwat.

“A si si prett, och mat hire KolleegenInnen a Premierministeren aus de Benelux, aus Frankräich an Däitschland zesummen ze kucken, datt mer vläicht kënne Läschfligeren uschafen, och zu Lëtzebuerg da stationéiert bei eis hei um Findel.”

Vun der Europäescher Unioun kréich een “en plus” dofir 75% Subsiden, wann een argumentéiere kéint, firwat een déi Läschfligere bräicht. “Ech mengen awer lo, mat deem, wat mer haut erlieft hunn, datt een dat ka ganz gutt argumentéieren.”

Bëschbränn virun der Dier, eng Dampwollek iwwer dem Land an de rezenten Hëllefruff aus der Belsch, fir Läschhelikoptere vu Lëtzebuerg ze kréien, dierften hei e Steen un d'Rulle bruecht hunn.

Back to Top
CIM LOGO