Rapport iwwer Gewalt am Stot 2025Police-Interventiounen a quasi 1 Expulsioun den Dag

Fanny Kinsch
D'Fäll vu Gewalt am Stot sinn 2025 an d'Luucht gaangen - de Professionellen aus dem Secteur no läit dat awer och dorunner, datt d'Awunnerzuel wiisst an datt d'Leit méi séier d'Police ruffen
© RTL
PDF Rapport iwwer Gewalt am Stot

Fir géint haislech Gewalt virzegoen, misst virun allem bei de Widderhuelungstäter nach méi gemaach ginn. Dat ass bei der Presentatioun vun den Zuele vun 2025 ervirgaangen. Den Egalitéitsministère schafft un enger Etude an deem Beräich, déi Enn dës Joers soll fäerdeg ginn. D'Fäll vu Gewalt am Stot sinn zejoert nees geklommen.

"Dat ass leider eisen daily business", seet d'Kristin Schmit, Zentraldirektrice bei der Police judiciaire. Dräi mol den Dag intervenéiert d'Police wéinst Gewalt am Stot, quasi ee mol den Dag kënnt et zu enger Expulsioun. D’Interventioune sinn domat ëm 10% geklomme par Rapport zu 2024, d’Expulsiounen ëm 16%. D'Juridiktiounen an der Stad an zu Esch ware mat iwwer 1.300 Dossiere befaasst. D’Hausse iwwert déi lescht Jore géing sech zum Deel och doduerch erklären, dass méi sensibiliséiert gouf, esou de Laurent Seck vum Parquet Lëtzebuerg.

"Wann der d'Statistik iwwert 20 Joer kuckt, virdru war et, d'Police ass geruff ginn, bei schwéiere Fäll hat mer och quasi eng Interventioun, eng Expulsioun. An an de leschte Joren ass et eeben 25. Dat heescht, all véierte Fall fäert zu enger Expulsioun. Dat ass, well d'Leit net méi zécken, bei häusleche Streidegkeeten d'Police ze ruffen, wat eng gutt Saach ass."

Problematesch sinn d'Widderhuelungstäter mierkt ee beim Service Riicht Eraus vun der Croix-Rouge, esou d'Responsabel Laurence Bouquet. Déi géingen am heefegsten hir Rendez-vouse verpassen.

"Dat ass scho spannend. Wat méi Interventiounen a wat méi oft verwise ginn ass, wat d'Leit manner kommen. Dat ass jo awer ee Constat, deen ee muss maachen a wou een effektiv muss dru schaffen."

© Fanny Kinsch

Wann d'Täter am Suivi wieren, géing et zu wéinege Recidive kommen. Fir d'Kristin Schmit vun der Police judiciaire misst een doriwwer nodenken, de Suivi obligatoresch ze maachen: “Da gesi mir schonn, dass dat awer vläicht dozou géif féieren, dass mer manner Interventiounen hätten, wou mer permanent ëmmer déi selwecht Täter hunn. Déi mengetweegen esouguer d'Affer changéieren, d’Affer trennt sech an da fanne se neit Affer, well si net u sech schaffen.” Eng Erausfuerderung fir d'Police wieren och héich geféierlech Täter ...

"Fäll, wou ee wierklech mierkt, et ass nach net genuch do. Mee déi sinn héichgeféierlech. Do probéiere mer dann interne Suivi ze maachen, fir do ze kucken. Mee dat ass natierlech och héichintensiv. Deemno wéi dat ass, muss een do och hannert deem Täter sinn, permanent. An dat ass ganz intensiv a Ressourcen."

D'Affer vu Gewalt am Stot si majoritär weiblech, d'Täter männlech, besonnesch wann een d'Expulsioune kuckt, ënnersträicht d'Olga Strasser vun der Associatioun Femmes en détresse. Fir d'Affer wier et dacks schwéier, aus där Situatioun eraus ze kommen.

"Eng Schwieregkeet, déi d' Affer ëmmer erëm begéinen, ass d' Situatioun vum Logement hei zu Lëtzebuerg, wou et fir eng elengstoend Persoun mat oder ouni Kanner immens schwéier ass, fir bezuelbare Wunnraum ze fannen. Opnam an de Fraenhaiser si méiglech. Mee et besteet eng Waardelëscht aktuell vu 60 Fraen an hire Kanner."

D'DP-Egalitéitsministesch Yuriko Backes sot hiren Informatiounen no wieren et aktuell 55 Frae mat hire Kanner op der Waardelëscht. Et géing awer och u weidere Kapazitéite geschafft ginn.

"Mir hoffen, dass bis Enn des Joers dann en neit Fraenhaus, wat mer zesumme mat der Fondation Maison de la Porte Ouverte op d'Been stellen, wäert zu Rëmeleng kënnen opgoen. Dat hätt dann eng Capacitéit vun 28 weider Better. An dann hu mer och nach e Site zu Miersch, wou d'Aarbechten och elo ugefaangen hunn."

Fir e weidere Sitte zu Miersch wieren elo Büroe beoptraagt ginn, e Projet auszeschaffen, dat géing awer nach daueren, esou nach d'Ministesch Backes.

Back to Top
CIM LOGO