Gréissere Chantier vu Luxtram um KierchbiergTramslinn ass vum 22. Juli owes u bis den 9. August ënnerbrach

Céline Eischen
De Chantier fänkt e Mëttwoch um 20.30 Auer un. An den éischte Stonne geet d'Ënnerbriechung awer vun der Uni bis bei d'Rout Bréck.
© Christophe Hochard

Chantier vum Tram um Kierchbierg / Céline Eischen

D'Leit, déi iwwer de Kierchbierg mam Tram fueren, wäerte sech an den nächste Woche mussen ëmstellen. E Mëttwoch den Owend fänkt nämlech ee gréissere Chantier op der Kräizung tëscht de Boulevarden John F. Kennedy a Konrad Adenauer un, deen och Auswierkungen op den Tramsverkéier huet.

Wéinst den Aarbechten ass d'Tramslinn ausnamsweis ënnerbrach. Wéi d'Françoise Frieden vu Luxtram erkläert, profitéiert ee vun der Summervakanz fir d'Aarbechten ze maachen. Elo musse sech d'Passagéier op e puer Changementer astellen: "Et ass eng Ënnerbriechung tëschent der Rouder Bréck an der Philharmonie an do fiert den Tram dann op zwou Sektiounen an dat ass eng Kéier vum Findel bis op d'Philharmonie Mudam an déi aner Säit vum Stadion bis op d'Roud Bréck."

Fir déi 450 Meter, déi tëscht den zwee Arrête leien, gëllt et dann, d'Been an de Grapp ze huelen: Ee klenge Spadséiergang, deen ausgeschëldert ass, ka jo bekanntlech och net schueden. Fir déi, déi awer manner gutt zu Fouss sinn, oder sech och nach schwéier geluede Richtung Findel mussen op de Wee maachen, ginn et Alternativen.

© Céline Eischen

"Mir hunn opgepasst, datt d'Leit effektiv nach weider kënne mam ëffentlech Transport gutt op dëser Streck fueren, eebe mat enger Connectioun mam Bus oder och mam Zuch hei op der Rouder Bréck."

Donieft sinn och déi ganzen Zäit iwwer Ekippe sur place, déi de Leit hëllefen, wa si Froen hunn. 19 Deeg gëtt elo geschafft an dat aus guddem Grond.

"Déi Tramslinn muss ënnerbrach ginn, fir dass déi éischt Extensioun kann ugebonne ginn. An dat ass mam Boulevard Konrad Adenauer, déi ass virgesinn, fir d'nächst Joer am Hierscht opzegoen. An duerfir mussen da Gleiser geluecht ginn, déi un déi existent Linn connectéiert ginn. An duerfir musse mer dann de Verkéier ënnerbriechen."

Dag a Nuecht sinn d'Aarbechter vu Luxtram hei am Asaz, fir datt den Tram da vum 10. August un nees wéi gewinnt ka fueren.

De Chantier fänkt e Mëttwoch den Owend um 20.30 Auer un: Fir déi éischt Nuecht gëllt d'Ënnerbriechung vun der Tramsstreck da scho vum Arrêt Universitéit bis Rout Bréck. Vun en Donneschdeg de Moien un da wéi ugekënnegt tëscht der Philharmonie an der Rouder Bréck.

Tour de France: 17. Etapp – leschte Kilometer am Replay
De Jasper Philipsen huet aus enger Echappée eraus am Sprint gewonnen.


Liest och

Back to Top
CIM LOGO