Zu Iechternach an op der A4Dräi Blesséierter bei zwou Kollisiounen

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt dräi Accidenter vun en Donneschdeg den Owend, bei deenen am Ganzen dräi Leit blesséiert goufen.
© Christophe Hochard

Eng éischt Kollisioun gouf et deemno géint 18:20 Auer zu Iechternach an der Route de Wasserbillig. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D'Rettungsekippe vun Iechternach waren am Asaz.

Ee Blesséierte goufe et iwwerdeem, wéi géint 18:29 Auer zwee Autoen op der A4 Richtung Esch op der Héicht vu Leideleng Sud-Pontpierre kollidéiert sinn. Op der Plaz waren d'Ambulanciere vu Schëffleng an aus der Stad zesumme mat de Pompjeeë vu Leideleng a Monnerech.

Bei engem Accident mat engem Auto an der Rue d'Anvers an der Stad kuerz no 1 Auer an der Nuecht blouf et iwwerdeem beim Materialschued. Och hei waren d'Stater Rettungsdéngschter am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO