
Mam Nicolas Strotz geet en am ganze Land geschaten a bekannte Miseler Politiker fir ëmmer. Den CSV-Deputéierten a laangjärege Buergermeeschter vu Welleschten ass am Alter vu 85 Joer stënterlech gestuerwen.
De Nicolas Strotz war tëscht 1989 an 2004 Ost-Deputéierte fir seng Partei a parallel tëscht 1982 an 2005 Buergermeeschter vu Welleschten. De gebiertege Minetter gouf 1940 zu Bieles gebuer a war vu Formatioun hier Ingenieur.
An de 60er huet den Nicolas Strotz an der Basketnationalekipp gespillt. Aner Passiounen waren den Dëschtennis, d'Pompjeeën an d'Possenhaus zu Bech-Maacher.
Als "Politiker, deen no um Bierger wollt sinn" verléiert CSV Osten mam Néckel Strotz ee vun hiren authenteschsten Politiker, dee sech wäit iwwer seng Gemeng fir de Bierger agesat huet.
Den Nicolas Strotz war houfreg op d'Regioun an och dorobber, datt et am Dräilännereck keng Grenze méi ginn. An engem Interview aus dem Joer 2021 huet hien erzielt, wéi ee fréier mat de Gemengen aus den aneren zwee Länner zesummegeschafft huet a wéi een och scho Landkaarten ouni d'Grenzen agezeechent huet. Schonn deemools huet hie gehofft, datt d'Integratioun an Europa e méi e wichtege Stellewäert kritt, fir datt "mer besser zesummeliewe" kënnen.