Säi Ministère hat elo e Schreiwes erausginn, an deem präventiv gewarnt gouf, datt d'Versuergung mat Pëtrolsproduiten an den nächste Woche kéint gestéiert sinn. De Minister Lex Delles ënnersträicht, datt d'Situatioun net dramatesch ass an datt genuch Pëtrol do ass. Zu Lëtzebuerg an an Europa. An awer huet hien drop gehalen, an dëser Situatioun e Schreiwes eraus ze ginn:
"Dat Schlëmmst, wat an dëser Situatioun kéint geschéien, ass, datt mer net géinge kommunizéieren, d'Leit sech, ob se muer nach Bensinn oder Diesel hunn, fir kënnen ze tanken oder kënnen ze heizen an da géingen d'Leit Hamsterkeef maachen."
Wéi gesot, de Lex Delles ënnersträicht, datt dat "guer net néideg" wier, well Lëtzebuerg an d'Petroliere genuch Reserven hätten. Déi sinn net alleguer am Grand-Duché stockéiert. Dofir ginn et net genuch Tanken.
Bis virun ongeféier zwee Joer ass et duergaangen, wann déi Reserven an engem Nopeschland stockéiert waren, du gouf d'Gesetz ugepasst an zënterhier mussen d'Reserven op d'mannst op zwee Länner verdeelt sinn.
"Stellt iech vir op der Autobunn fält eng Bréck zesummen an da komme mer net méi un déi Reserven. Fir dat z'evitéieren, hu mer elo schonn dee Splitting gemaach, datt ee sech also muss mat senge Reserven, als Petrolier, méi breet opstellen. Mir gesinn, datt an dëser Situatioun, dat dote Gesetz och scho seng Friichten dréit."
Lëtzebuerg kritt säi Pëtrol nämlech iwwert d'Waasser, d'Schinn an d'Strooss an zwee vun dëse Weeër sinn den Ament gestéiert, notamment duerch déi grouss Hëtzt an de leschte Wochen.
"Dat op där enger Säit, well de Rhäin bal kee Waasser méi huet, dass d'Schëfffaart net méi esou ka funktionéieren, op där anerer Säit e grousse Chantier op de Schinnen, da waren déi grouss Feieren an der Belsch an do ass den Albert-Kanal och punktuell zougemaach ginn, wat natierlech iwwerall d'Logistik esou e bëssen un d'Wackele bréngt."
An awer kann et - seet de Minister - héchstens virkommen, datt een op eenzelen Tankstelle keen Diesel oder Bensinn méi géif kréien. Dat wier da just e punktuellen a kee flächendeckende Problem.