An de leschte WochenD'Gewässer uechtert d'Land hu ferm ënnert der Dréchent gelidden

Claudia Kollwelter
Bei enger Partie war de Stand extreem niddreg, sou niddreg wéi nach ni, anerer ware komplett ausgedréchent.
© Julie Thilges
D'Gewässer uechtert d'Land hu ferm ënnert der Dréchent gelidden
Bei enger Partie war de Stand extreem niddreg, sou niddreg wéi nach ni, anerer ware komplett ausgedréchent.

Bei enger Partie war de Stand extreem niddreg, sou niddreg wéi nach ni, anerer ware komplett ausgedréchent. Wat bedeit dat fir d'Gewässer a wat kann dogéint gemaach ginn? Mir hu beim Waasserwirtschaftsamt nogefrot.

An der Regioun vum Stauséi oder och am Süde vum Land ware verschidde Gewässer déi lescht Woche komplett ausgedréchent. Eng Entwécklung, déi mam Klimawandel zesummenhänkt an eng Extreemsituatioun, déi ëmmer méi dacks optaucht, erkläert den Olivier Jeitz vum Waasserwirtschaftsamt. Ausgedréchent Gewässer bedeit och e Réckgang vun de Liewensaarten am Waasser.

 “Déi brauchen ëmmer eng gewëssen Zäit, fir sech ze erhuelen. A wann déi Evenementer ëmmer méi no openeekommen, da kréie verschidden Aarten eeben och Problemer, fir sech ëmmer nees z'erhuelen a riskéiere vläicht och, deelweis komplett ze verschwannen aus Deeler vu Gewässer.”

 D'Natur kéint sech awer normalerweis selwer erëm akréien.

 “Mee dat brauch seng Zäit. Déi eng Déieren, déi kommen no e puer Wochen oder Méint zréck, déi aner brauchen e puer Joer, fir sech nees als Populatioun ze erhuelen. Mee do hänkt et eeben dovun of, wéi gesond war d'Baach am Virfeld. Wa mer eng Baach am schlechten Zoustand hunn, dann dauert dat vill méi laang. A wa mer dann eeben eng an engem gudden Zoustand hunn, ass se vill méi resilient, fir eeben esou extreem Situatioune virzebeugen. An an deem Fall ka se sech nees vill méi séier astellen an deen Zoustand, wéi se virdru war.”

De Reen vun de leschten Deeg wier en éischte Schratt gewiescht:

“Mee dat brauch awer elo nach vill méi, well fir d'éischt muss den dréchene Buedem erëm nees opweechen an dann, wéi ee Schwamm, d'Waasser ophuelen a réischt duerno geet d'Waasser erëm weider an d'Grondwaasser an an d'Baachen an dat brauch awer elo nach vill méi Reen, fir lo erëm nees op enger normal Situatioun ze kommen.”

 Well esou extreem Situatiounen ëmmer méi dacks géifen optauchen, wier et extreem wichteg, d'Gewässer méi resilient ze maachen, betount den Olivier Jeitz:

“Andeems mer ëm eis Gewässer renaturéieren, andeems mer fir eng Beschattung vun der Baach suergen duerch Hecken an aner Vegetatioun, andeems mer eng Vilfalt vun naturnoe Liewensraimméiglechkeeten schafen, wou d'Déiere sech kënnen zréckzéien, wann elo esou Situatiounen optauchen. A mir musse kucken, d'Barrage ewechzehuelen, fir dass d'Fësch nees eng Kéier, déi ee Beräicher kënne besidelen, wou se dann virdru wéinst der Dréchent ebe verschwonne sinn.”

Bei kënschtlech ugeluechte Gewässer wier de Risk nach vill méi grouss, datt se ausdréchnen, d'Fauna an d'Flora ass vill manner villfälteg an dofir wëll ee bei deene Gewässer och op de Wee vun der Renaturéierung goen, fir déi Villfalt zréckzekréien.

Back to Top
CIM LOGO