Invité vun der Redaktioun (7. August)Serge Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung

Annick Goerens
E Freideg de Moien ass de Lëtzebuerger Prisongssystem Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

20 Prozent méi Prisonéier bannent just engem Joer. Wat bedeit dës Hausse fir de Lëtzebuerger Prisongssystem? Ass dat eng Entwécklung, déi een am Grëff huet – oder ass de System un der Limitt? A firwat huet Lëtzebuerg den héchsten Undeel un auslännesche Prisonéier an Europa? Dat froe mer e Freideg de Moien den Direkter vun der Prisongsverwaltung, de Serge Legil.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO